The website of Taekwondo Vichten is a part of the Sport50-Network. This means that you can easily browse all the websites within the network without having to register and login every time.
You don't have an account on ?
Connect through a social network
or create a new account
Den "Taekwondo Vichten" a senger haiteger Form gouf 1996 vum Frank Kaufmann gegrënnt an huet elo ~ 60 aktiv Memberen am Alter tëschent 7 a 50 Joer, Ufänger a Fortgeschrattener. Mir Praktizéieren an léieren Taekwondo mat Leidenschaft an Engagement. Obwuel d' Traininge mat Discipline ofgehale ginn feelt et net u gudder Stëmmung.
D' Traininge ginn der Sportshal, 32 Rue Principale L-9190 Vichten, an zwou Gruppen, "Kanner tëscht 7 an 12 Joer" an "Erwuessener vun 12 Joer," an der Regel zwee mol d' Woch ofgehal. Jiddereen deen um Taekwondo interesséiert ass, ass häerzlech agelueden e puer Trainingen ouni Obligatioun mat ze maachen.
Zesummenaarbecht Am Moment ass den Taekwondo Vichten an Zesummenaarbecht mam Internat vum Atert Lycée vu Réiden un der Atert fir hiren interesséierte Schüler, Educatricen an Educateuren d' Geleeënheet ze ginn, un enger zousätzlecher sportlecher Aktivitéit deel ze huelen. Des weideren kënne si eng Lizenz kréien an däerfen och Ceinturesprüfungen matmaachen.
Yoga Klasse gi vum Christine, engem Enseignant bei Yogatime Lëtzebuerg, meeschtens donneschdes um 19:30 Auer am "Mischhaus" 43 Rue Principale L-9190 Vichten ugebueden. An der Schoul Vakanz kënnen d'Zäite vun de Coursen änneren, fir weider Informatiounen kontaktéiert weg d'Christine um +352 691 781 114.
Mir weisen drop hin dass d'Beiträg vum Taekwondo de Yoga net decken.
Fraise pro Semester 1. Semester: vum 1. September bis den 28./29. Februar 2. Semester: vum 1. Mäerz bis den 31. August
Erwuessener: 130 € Kanner: 120 €
D'Beiträg vum 2. Familljemember, Reduktioun vun 10 € pro Semester 3. Familljemember, Reduktioun vun € 15 pro Semester 4. Familljemember, Reduktioun vun € 25 pro Semester 5. Familljemember, engem gratis Memberschaft pro Semester